SCHUEBERFOUER
Info

Léif Frënn vun der Schueberfouer,
10 ganzer Joer huet funfair.lu all Joër exklusiv an ausféiherlech iwwert déi schéinste Kiermes vun der Welt, der Schueberfouer bericht.
Leider kennt iergendwann am Liewen den Ament wou een muss en Choix treffen. A fir eis ass deen Ament elo.
Wéi der Iech kennt denken stecht an engem Site wéi funfair.lu vill Aarbescht dran. Déi hu mir och emmer gaeren an onetgeltleg gemaat, oft bis spéit an't Nuecht eran an dacks d'ganz Nuecht duech...
Leider hu mir des Zait déi mir sos haaten elo nett méi.
Dofir verzichte mir schwéiren Häerzens 2012 fir hei op funfair.lu separat iwwert' Schueberfouer ze berichten.
Mee keng Angscht, dir kritt weider all Informatiounen zur Schueberfouer 2012 um offizielle Site www.fouer.lu un deem mir och mattschaffen.
An eis Fouer-Classics sinn och nach HEI online.
An deem Sënn,
Op eng Super-Fouer 2012!
Aert funfair.lu-Team